Websäit am Bau
Liv-Immobilier

Agence immobilière à Mersch

LIV IMMOBILIER Where Life Becomes Living

No méi wéi zéng Joer Erfarung bei B IMMOBILIER – dovunner aacht Joer als Associé – war fir mech de Moment komm, fir den nächste Schrëtt ze maachen an meng eege Agence ze grënnen.

Haut sinn ech stolz a frou, Iech LIV IMMOBILIER kënnen ze presentéieren. LIV steet fir en strukturéierten, modernen an zouverlässege Partner an der Immobilienvermitt-lung – mat dem Usproch, Entscheedungen kloer, professionell an mat Liichtegkeet ze gestalten.

E Doheem ass méi wéi véier Maueren – et geet ëm Sécherheet an dorëms, bewosst déi richteg Entscheedung ze treffen. Grad dofir ass eng perséinlech a vertrauensvoll Begleedung entscheedend. Ob Verkaf, Locatioun, Promotioun oder Estimatioun: vun den éischten Iwwerleeungen bis zum erfollegräichen Ofschloss stinn ech menge Clienten als zouverlässege Partner zur Säit. 

Entdeckt eis Immobilië
LIV Immobilier 29, rue Grande-Duchesse CharlotteL-7520 MerschLuxemburg